Participatiounsbudget 2026
Iwwer de Budget Participatif fërdert d'Gemeng Fréiseng iwwer zwee Joer ewech lokal Projete mathëllef vun engem Montant vun insgesamt bis zu 100.000 €. All d'Awunnerinnen an d'Awunner vu véierzéng Joer u kënnen hir Projetsiddien a verschiddene Beräicher ewéi Ëmwelt, Mobilitéit oder Kultur areechen, déi d'Liewensqualitéit an der Gemeng verbessere sollen. Nodeem d'Gemeng d'Ëmsetzbarkeet vun all den Iddie iwwerpréift an eng éischt Selektioun gemaach huet, stëmmen d'Awunnerinnen an d'Awunner online of, andeem se de Budget vun 100.000 € op déi Projeten, déi hinnen am beschte gefalen, verdeelen. D'Gemeng stellt déi ausgewielt Projete bei enger Informatiounsseance vir an informéiert d'Ëffentlechkeet reegelméisseg iwwer de Stand wärend der Ëmsetzung vun de Projeten.
Phasen
Ausgewielte Projeten
De Schäfferot huet déi follgend Projete fir d’Ëmsetzungsphas op GoVocal ausgewielt:
- Biomaart am Park
- Multifunktionale Sportpark
- Sentiers auto-pédestres
D'Persounen déi di respektiv Projeten an d'Liewe geruff hunn, ginn an de nächsten Deeg kontaktéiert, fir déi nächst Etappe vun der Ëmsetzung ze beschwätzen.
All registréiert Benotzer kënnen de Fortschrëtt vun der Ëmsetzung direkt op der Plattform verfollegen.
3 Iddien
Filteren
Gesamtzuel Bäiträg: 3Evenementer
Vergaangen Evenementer

Event Datum: Februar 11., 2026 vun 15:00 Auer bis 17:00 Auer.
10 Munnerëferstrooss
3 Umeldungen

Event Datum: Abrëll 15., 2026 vun 15:30 Auer bis 16:30 Auer.
Maison Communale Frisange
3 Umeldungen




