Wiesselt op den Haaptinhalt
Participatiounsbudget

Participatiounsbudget 2026

Iwwer de Budget Participatif fërdert d'Gemeng Fréiseng iwwer zwee Joer ewech lokal Projete mathëllef vun engem Montant vun insgesamt bis zu 100.000 €. All d'Awunnerinnen an d'Awunner vu véierzéng Joer u kënnen hir Projetsiddien a verschiddene Beräicher ewéi Ëmwelt, Mobilitéit oder Kultur areechen, déi d'Liewensqualitéit an der Gemeng verbessere sollen. Nodeem d'Gemeng d'Ëmsetzbarkeet vun all den Iddie iwwerpréift an eng éischt Selektioun gemaach huet, stëmmen d'Awunnerinnen an d'Awunner online of, andeem se de Budget vun 100.000 € op déi Projeten, déi hinnen am beschte gefalen, verdeelen. D'Gemeng stellt déi ausgewielt Projete bei enger Informatiounsseance vir an informéiert d'Ëffentlechkeet reegelméisseg iwwer de Stand wärend der Ëmsetzung vun de Projeten.

2 Wochen iwwereg

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases

Analyse des projets

23. Februar 2026 11:00 PM - 10. Mäerz 2026 11:00 PM

Déi zoustänneg Gemengeservicer analyséieren, wéi gutt déi virgeschloe Projete sech ëmsetze loossen. Déijéineg, déi de Projet an d'Liewe geruff hunn, ginn iwwer d'Resultat informéiert.

Bevirstoend oder lafend Evenementer

    0 Events hu gelueden.
    Aktuell si keng bevirstoend oder lafend Evenementer geplangt.

    Vergaangen Evenementer

    • Event Datum: Abrëll 15., 2026 vun 15:30 Auer bis 16:30 Auer.

      Plaz

      Maison Communale Frisange

      Registréiert

      3 Umeldungen

    • Persoun sëtzt an engem Büro, hält en iPad op a lächelt

      Event Datum: Februar 11., 2026 vun 15:00 Auer bis 17:00 Auer.

      Plaz

      10 Munnerëferstrooss

      Registréiert

      3 Umeldungen

    2 Eventer hu gelueden.