Méi Secherheet fir d‘Foussgänger
Von "Bürgerhaushalt 2026"
Zum Projekt
Et wier néideg verschidde Foussweeër lanscht d‘Stroossen duerch Trottoiren ze ersetzen, déi sech vun der Fuerbunn duerch ee Bordsteen ofhiewen an nët just duerch ee Kulang vun der Strooss ofgegrenzt sin.
Mëttlerweil si verschidden Niewestroossen zu vill befuerenen Ofkierzungen gin, obwuel se nët fir dee groussen Trafic ausgeluecht sin.
Zu Uespelt z.B. ass d‘Kierfechstrooss virun e puer Joer fir de Verkéier opgemach gin (trotz Petitioun vun den Awunner) et ass awer näischt zousätzlech fir d‘Sécherheet vun de Foussgänger gemach gin.
Autoen, Camionen, Busser asw. fueren ongehënnert iwer d‘Foussweeër an do machen Vitesslimitatiounen an niddreg Stroosseschwellen dem Trafic an der Vitess keen Ofbroch.
Esou Stroossen gin et der leider nach méi an der Gemeng.
