Zum Hauptinhalt wechseln

Busverbindung

Von "Bürgerhaushalt 2026"

Zum Projekt

Ech fannen et eng super Iddi dass d’Bierger vun eiser Gemeng kënnen derzou beidroen fir d’Liewen an hirer Gemeng ze verbesseren.Wat dat Kulturellt ugeet ass scho villes ereecht ginn.Wat mir um Haerz läit a mir Suerge mecht ass d’Mobilitéit.Domat hun ech e grousse Problem.Mat mengen 79 Joer sin ech öfter op de Bus ugewisen fir bei Dokteren,Roentgen asw. an d’Staat ze fueren. Fir dohin kee Problem.Do kann ech zu Helleng de Bus 550 huelen an zu Fréiseng emsteigen a mam 413 an d Staat weider fueren.Leider get et keng Verbindung fir zréck ,well déi 2 Bussen net deselwechten horaire hun. Ech wier frou wa mir erem eng direkt Busverbindung an d Staat hätten wéi dat fréier de Fall war an et och an eise Nopeschgemengen ass.Et ass net schéin wann ee vum Dokter kënnt bis eng hallef Stonn an der Keelt ze stoen.Et sinn nach méi Leit menger Meenung,dir géift eis domat e grousse Gefale machen.

Ech wénschen iech vill succès mat ärem projet.

Offizielle Updates

Letztes Update: 10. März 2026

Kommentare

Kommentare sind nicht möglich, da dieses Projekt derzeit nicht aktiv ist.

Teilen

Aktueller Status

abgelehnt

Themen

Mobilität